Victor Clube
Victor Clube | |
---|---|
Gebuer |
22. Oktober 1934 London |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Christ Church College, St John's School |
Aktivitéit | Cricketspiller, Astronom |
De Stace Victor Murray Clube, gebuer den 22. Oktober 1934 zu London, ass en engleschen Astrophysiker an Astronom.
De Clube, deen a senger Jugend an d'St John's School zu Leatherhead an an d'Christ Church College vun der University of Oxford gaangen ass, war Dekan vun der Astrophysikalescher Fakultéit vu senger Alma Mater an huet an den Observatoirë vun Edinburgh an Armagh vu Kapstad geschafft.
Säi Bekanntheetsgrad verdankt hien haaptsächlech senger Aarbecht an der Theorie vun "coherent catastrophism"[1], déi hien zesumme mam Bill Napier an anere Kolleegen opgestallt huet. Doriwwer eraus ass hien en Expert fir Koméiten an Kosmologie. De Clube ass och Auteur vu ville wëssenschaftlechen a populärwëssenschaftleche Bicher an en exzellente Cricket-Spiller.
Den Asteroid (6523) Clube gouf no him genannt.
Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]
- The Cosmic Serpent, mit Bill Napier, Faber and Faber, 1982, ISBN 978-0-5711-1816-8
- The Cosmic Winter, mit Bill Napier, Blackwell Publishers, 1990, ISBN 978-0-6311-6953-6
- The Origin of Comets (S.V.M. Clube, W.M. Napier, M.E. Bailey), Pergamon Press, 1990, ISBN 0-08-034858-0
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- (en) Lutz D. Schmadel: Dictionary of Minor Planet Names. 5th ed. Springer, Berlin 2003, ISBN 3-540-00238-3 [Voransicht bei Google Book Search]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Asher, D.J., S.V.M. Clube, W.N. Napier and D. I. Steel (1994). Coherent Catastrophism. Vistas in Astronomy, 38 (1), 1-27; fir populärwëssenschaftlech Duerstellunge vun där Theorie kuckt: Mike Davis, "Cosmic Dancers on History's Stage?" an Dead Cities: And Other Tales (2002), 307-59; souwéi online: Philip R. Burns, "Clube and Napier: Coherent Catastrophism" (deutschsprachige Übersetzung), gekuckt den: 8. Juni 2013.