Op den Inhalt sprangen

Tilly Decker

Vu Wikipedia
Tilly Decker
Gebuer 10. Januar 1930
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Liichtathleet

D'Mathilde, genannt Tilly Decker, gebuer den 10. Januar 1930 zu Esch-Uelzecht, ass eng fréier lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin.[1]

Karriär[2][änneren | Quelltext änneren]

D'Tilly Decker war Member an der Fola an déi éischt lëtzebuergesch Sprinterin. Si huet den 19. August 1945 mat 13,2" den éischte Landesrekord am 100-Meter-Laf opgestallt. Duerno huet si dëse Rekord dräimol verbessert, fir d'lescht op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London[3] wou si ënner 38 Konkurrentinnen aus 21 Natioune mat engem Chrono vun 12,4" op déi 5. Plaz koum. Am 200-Meter-Laf koum si ënner 33 Konkurrentinnen aus 17 Natiounen an enger Zäit vu 26,7" och op déi 5. Plaz.

Si konnt de Rekord op den 100-Meter iwwer 17 Joer halen, ier en 1964 vun der Manuela Kaufhold gebrach gouf.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Tilly Decker op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 42-43. ISBN 978-2-9599734-5-1
  3. D'Tilly Decker op der Websäit vun der Association Luxembourgeoise des Olympiens
  4. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur