Op den Inhalt sprangen

Tastatur

Vu Wikipedia
E Fanger dréckt eng Tast op enger Computertastatur.
Eng Tastatur op enger aler Schreifmaschinn.

Eng Tastatur oder e Clavier ass een Apparat oder Deel vun engem Apparat mat Tasten, déi de Benotzer dréckt fir eppes ze steieren. Haut sinn déi meescht Tastaturen elektronesch Tastaturen, obwuel et och mechanesch oder pneumatesch Tastature gëtt.

Vill technesch Apparater hunn eng Tastatur, dorënner Computeren, Schreifmaschinnen, Telecommanden, Telefonen an Handyen.

Och Museksinstrumenter mat Tasten, de sougenannten Tasteninstrumenter, hunn eng Tastatur, déi meeschtens awer Klaviatur genannt gëtt.

Eng Computertastatur huet am Verglach mat enger Schreifmaschinnentastatur méi Tasten, mat deenen e Computer gesteiert gëtt. Jee no Land a Sprooch sinn d'Tasten op der Computertastatur anescht arrangéiert a beschrëft. Déi Gängegst Layoute sinn a Westeuropa QWETRY, QWERTZ an AZERTY. Op enger Computertastatur si Buschtawen, Zuelen an aner Symboler, déi „Characters“ oder Zeeche genannt ginn. D'Computertastatur ass de geleefegen Input-Apparat bei Computeren.

D'Schreiwe mat enger Computertastatur nennt een „Tippen“. Wann de Benotzer eng Tast dréckt, schéckt d'Tastatur e Signal un de Computer fir ëm ze soen, wéi ee Buschtaf, Zuel oder Symbol um Ecran soll gewise ginn. De Computer weist dat Zeechen dann um Bildschierm, generell do wou den Textcursor ass. Vum technesche Standpunkt hier gläicht eng Computertastatur also enger Computermaus, der Telecommande an der Manette vun enger Spillkonsol.

Nieft Tasten, déi d'Agab vun Zeechen erlaben, sinn op der Tastatur awer och speziell Tasten, déi e Symbol ännere kënnen (mat der Shift-Tast Shift kann een zum Beispill Groussbuschtawe schreiwen) oder dem Computer e speziellen Uerder kënne ginn (wéi zum Beispill d'Kontrolltast Ctrl).

Déi verschidde Computerbetribssystemer benotzen ënnerschiddlech Spezialtasten oder benotze s'ënnerschiddlech. Speziell Befeeler kënnen och mam Drécke vun enger Kombinatioun vun Tasten aktivéiert ginn. Dat ass dann eng Ofkierzung („Shortcut“ oder „Raccourci“). Bei Microsoft Windows si bekannt Ofkierzungen zum Beispill Ctrl + C fir Text oder eng Datei ze kopéieren, Ctrl + V fir dat Kopéiert ze pechen, a Ctrl + F fir e bestëmmt Wuert an engem Dokument oder op enger Websäit ze fannen.

Eng Computertastatur kann iwwer e Kabel mat engem Computer verbonne sinn oder kabellos iwwer Bluetooth.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tastaturen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Computertastaturen – Biller, Videoen oder Audiodateien