Schabloun:Op engem 6. Januar
Ausgesinn
![GTI de la Fontaine](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d6/Gaspard_De_La_Fontaine.jpg/100px-Gaspard_De_La_Fontaine.jpg)
- 1367: Gebuert vum englesche Kinnek Richard II. (1377 bis 1399).
- 1412: Déi franséisch Nationalheldin an Helleg Jeanne d'Arc gëtt gebuer.
- 1787: De lëtzebuergesche Politiker Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine kënnt op d'Welt .
- 1799: Gebuert vum lëtzebuergesche Politiker, Entreprener an Industriepionéier Charles Metz.
- 1822: Den däitschen Archeolog Heinrich Schliemann gëtt gebuer.
- 1861: De belschen Architekt Victor Horta kënnt op d'Welt.
- 1926: D'däitsch Lufthansa gëtt gegrënnt.
- 1981: De Gaston Thorn gëtt President vun der Europäescher Kommissioun.