Schabloun:Op engem 30. August
Ausgesinn
![Mary Shelley](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b4/Mary_Wollstonecraft_Shelley_Rothwell.tif/lossy-page1-100px-Mary_Wollstonecraft_Shelley_Rothwell.tif.jpg)
- 1648: Doud vum Jean de Beck, Militär a Gouverneur vum Herzogtum Lëtebuerg an der Grofschaft Chiny.
- 1797: Gebuert vun der englescher Schrëftstellerin Mary Shelley (Frankenstein).
- 1852: Den hollännesche Cheemiker an Nobelpräisdréier Jacobus Henricus van 't Hoff gëtt gebuer.
- 1892: De Moler a Lithograph Nicolas Liez stierft.
- 1902: De lëtzebuergesche Journalist, Editeur a Schrëftsteller Nicolas Molling kënnt op d'Welt.
- 1942: Zweete Weltkrich: De Gauleiter Gustav Simon verkënnegt d'Zwangsrekrutéierung vun de Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 bis 1923 an d'däitsch Wehrmacht.
- 1972: Déi amerikanesch Schauspillerin Cameron Diaz kënnt op d'Welt.
- 1991: Doud vum Schwäizer Moler a Sculpteur Jean Tinguely.