Sadr (Stär)
Ausgesinn
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/35/Cygnus.jpg/220px-Cygnus.jpg)
Sadr (aus dem arabeschen) ass den Eegennumm vum Stär γ Cygni (Gamma Cygni) am Stärebild Schwan. De Sadr huet eng visuell Magnitude vu +2,3 mag a gehéiert zur Spektralklass F8. Seng Distanz zu der Äerd ass zirka 1.500 Liichtjoer (Hipparcos Datebank). Nummvariante sinn: Sadir, Sador, Sadr el dedschadsche.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun 20h22m14s
- Deklinatioun +40°15'24"