Rimmelbaach
Ausgesinn
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d0/Rimmelbaach_2.jpg/250px-Rimmelbaach_2.jpg)
D'Rimmelbaach ass eng kleng Baach am Éislek an e lénksen Niewefloss vun der Wemperbaach.
Si huet hir Quell um Flouer Drufebur[1], eng 1.600 Meter nordëstlech vun Hëpperdang, op enger Héicht vu ronn 485 Meter. Si leeft vun do aus an engem schmuelen Dall a westlecher Richtung, bis op d'Kléimillen, wou s'an d'Wemperbaach leeft.
Si ass 2.700 Meter laang.
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b7/Rimmelbaach.jpg/400px-Rimmelbaach.jpg)