Pompjeeskantonalverband Lëtzebuerg-Stad
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/45/Ford_Transit_Pompjee%C3%ABn_Rollengergronn.jpg/220px-Ford_Transit_Pompjee%C3%ABn_Rollengergronn.jpg)
De Kantonalverband Lëtzebuerg-Stad vun de Pompjeeën ass, entgéint der Logik, e "Kantonalverband" just fir d'Stad Lëtzebuerg. Dëst huet historesch an organisatoresch Grënn.
Nieft de Beruffspompjeeë gëtt et an dem Kantonalverband Lëtzebuerg nach follgend fraiwëlleg Corpsen:
- Bouneweg;
- Zéisseng;
- Lëtzebuerg-Centrum (bis 2003 Gaasperech an Uewerstad) ;
- Hamm ;
- Plateau Kierchbierg;
- Pafendall;
- Rollengergronn [1].
D'fräiwëlleg Pompjeeën aus deene Corpse schaffen an Service Incendie-Sauvetage an Ambulanz vun der Stad iwwer verschidde Gruppen mat: de Groupe Volontaire, de Groupe de Garde an den RS-Groupe.
Am Groupe Volontaire sinn déi Pompjeeën, déi am Icendie-Sauvetage matschaffen, am Groupe de Garde ginn haaptsächlech bei grousse Manifestatioune Sécherheetsdéngscht gemaach an den RS-Groupe huet eng Rettungssanitäter Ausbildung an ënnerstetzt d'Beruffspompjeeë bei den Ambulanzenasätz.