Op den Inhalt sprangen

Maurice Thoss

Vu Wikipedia
Maurice Thoss
Gebuer 19. Juli 1939
Gestuerwen 9. November 2003
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

De Maurice Thoss, gebuer den 19. Juli 1939, a gestuerwen den 9. November 2003, war e lëtzebuergesche Politiker.

De Maurice Thoss huet zu Genf Politikwëssenschaften a fir Iwwersetzer studéiert. 1966 huet hien ugefaangen, fir d'Chamberfractioun vun der LSAP ze schaffen. 1974 gouf e Staatssekretär am Ministère fir Aarbecht a Sozialversécherung, am Ministère fir Familljen, Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit an der Regierung Thorn-Vouel-Berg.

1979 gouf en an d'Chamber gewielt a war do bis 1989 Deputéierten. Hie war och Member vun de Parlamentareschen Assembléeë vum Europarot, der UEO an dem Benelux.

Hie war och Gemengerot zu Esch-Uelzecht[Wéini ?].

1989 bis 1995 war de Maurice Thoss Member vum Europäesche Rechnungshaff.

De Maurice Thoss huet gär Schach gespillt a war vun 1977 bis 1987 President vun der Fédération luxembourgeoise des échecs.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]