Op den Inhalt sprangen

Laure Koster

Vu Wikipedia
Laure Koster
Gebuer 24. Abrëll 1902
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Oktober 1999
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer
Famill
Geschwëster Lou Koster

D'Lory oder Laury, gebuer als Laure Koster de 24. Abrëll 1902 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 22. Oktober 1999, war eng Musekerin a Schwëmmerin.

Sportlech Karriär[1][änneren | Quelltext änneren]

Zesumme mat der Renée Brasseur war si déi éischt lëtzebuergesch Schwëmmerin déi bei den Olympesche Spiller vu Paräis (1924) matgemaach huet, wou si op den 200 Meter Brasse ugetrueden ass. An den Eliminatoiren ass si de 16. Juli an der Zäit vun 3'35''0 an der zweeter Serie op déi 2. Plaz komm a konnt sech fir d'Finall qualifizéieren. An der Finall, déi den 18. Juli geschwomme gouf, ass si ënner 15 Konkurrentinnen aus 8 Natiounen déi 6. ginn an der Zäit vun 3'39''2.[2]

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Laure Koster war d'Sëschter vun der Lina a Lou Koster[3], an e Kandskand vum Franz Ferdinand Bernard Hoebich, dem éischten Dirigent vun der Lëtzebuerger Militärmusek. No de Spiller vun 1924 ass si aus dem ëffentleche Sportliewe verschwonnen, si ass mam Cyrille Bodson[4][5] bestuet ginn an huet an der Belsch eng Famill gegrënnt; d'Koppel hat zwee Kanner[6].

D'Laure Koster war Cellistin, Pianistin an huet an den 1920er Joren als Saxophonistin am « Ladies Orchestra ‘The Stars’ » gespillt[7]. Déi dräi Koster-Schwësteren hunn och d'Stommfilmer an de Stater Kinoe musikalesch begleet[4].

An den 1950er Joren huet si am RTL-Orchester Cello gespillt.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems si sech aus dem Sport zeréckgezunn hat, gouf si zu Lëtzebuerg e bësse „vergiess“, bis sech 1959 am Ministère nees u si erënnert gouf a si doropshi mat der sëlwer Médaille du mérite sportif ausgezeechent gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 54-55. ISBN 978-2-9599734-5-1
  2. D'Laure Koster op der Websäit sports-reference.com
  3. (de)Was erwartet das Publikum am 22. November im Merscher Kulturhaus?. Revue, 75. Jg., nº 75, p. 39. (11.11.2020). Gekuckt de(n) 17.06.2024.
  4. 4,0 4,1 (de)«De Lëtzebuerger vum Jorhonnert» (24/50) Lou Koster. Revue, p. 31 (24.06.1999). Gekuckt de(n) 17.06.2024.
  5. (de)Berichtigung. Luxemburger Wort, 113. Jg., n° 222, p. 7. (09.08.1960). Gekuckt de(n) 17.06.2024.
  6. (fr)Avis Mort.. Luxemburger Wort, 1950. Jg., nº 128, p. 8 (08.05.1950). Gekuckt de(n) 17.06.2024.
  7. (de)Rundtischgespräch «Frauen & Kultur» Mit Quote in die Kunst?. Revue, p. 64. (18.03.1998). Gekuckt de(n) 17.06.2024.