Lëtzebuerger Arméi
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/da/Emblem_of_the_Army_of_the_Grand-Duchy_of_Luxembourg.png/220px-Emblem_of_the_Army_of_the_Grand-Duchy_of_Luxembourg.png)
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/68/Luxembourg_Army_2017-07_--02.jpg/220px-Luxembourg_Army_2017-07_--02.jpg)
D'Lëtzebuerger Arméi ass zanter dem 30. Juni 1967[1] eng reng Fräiwëllegenarméi, déi aus ronn 1200 Zaldoten, Kapereel, Ënneroffizéier, Offizéier an Ziviliste besteet. Eng Loftwaff gëtt et säit 2021[2], eng Marinn existéiert net.
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7c/Kas%C3%A4r_H%C3%A4rebierg.jpg/220px-Kas%C3%A4r_H%C3%A4rebierg.jpg)
D'Zaldote sinn zanter 1967 exklusiv um Dikrecher Härebierg an der Kasär Grand-Duc Jean, déi et awer schonn zanter 1955 gëtt, stationéiert.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt dofir den Artikel: Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi.
Rekrutement a Karriären[änneren | Quelltext änneren]
Fir an d'Lëtzebuerger Arméi als fräiwëllegen Zaldot antrieden ze kënne muss een:
- d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, oder déi vun engem aneren EU-Memberstaat an zanter op d'mannst dräi Joer zu Lëtzebuerg wunnen;
- tëscht 18 a 26 Joer al sinn;
- keng Krankheeten oder Handicappen hunn, déi mam Militärdéngscht net kompatibel sinn; an
- déi néideg intellektuell, moralesch a physesch Qualitéite mat sech bréngen.
Graden[änneren | Quelltext änneren]
- Fräiwëlleg Zaldoten: Premier Soldat-Chef, Soldat-Chef, Soldat de Première classe, Soldat
- Kapereel: 1er Caporal-Chef, Caporal-Chef, Caporal de 1re classe, Caporal
- Ënneroffizéier: Adjudant-Major, Adjudant-Chef, Adjudant, Sergent-Chef, 1er Sergent, Sergent
- Offizéier: Général, Colonel, Lieutenant-Colonel, Major, Capitaine, Lieutenant en 1er, Lieutenant
Am Géigesaz zu deene meeschten aneren Arméien, huet d'Lëtzebuerger Arméi ëmmer just ee Generol OF-6, de Chef d'État-major de l'Armée.[3][4]
D'maximal Kadergréisst läit bei 110 Offizéier, 260 Ënner-Offizéier an 100 Kapereel[5].
Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]
D'Lëtzebuerger Arméi wéi mer se haut kenne geet op d'Gesetz vum 29. Juni 1967 zeréck, dat den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaaft an déi nei Organisatioun vun der Arméi gereegelt huet.
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/02/Organigramm-Arm%C3%A9i.svg/540px-Organigramm-Arm%C3%A9i.svg.png)
kuckt och den Artikel: Kommandante vun der Lëtzebuerger Arméi
Verhalenscode[änneren | Quelltext änneren]
- Ech dénge fräiwëlleg dem Lëtzebuerger Land.
- Ech erfëlle meng Missioun mat Entschlossenheet, Verantwortung an Initiativ a kucken dono eréischt no mir.
- Wann noutwenneg setzen ech ënner Asaz vum eegene Liewe meng Waffe kontrolléiert an.
- Ech respektéieren d'Dignitéit vun all Mënsch an hale mech un internationaalt an humanitäert Recht, d'Gesetzer a Reglementer.
- Am Respekt vun den Traditiounen trieden ech an Éieren op a weise Courage och ënner schwéieren Ëmstänn.
- Ech beweise Professionalismus, Disponibilitéit a Flexibilitéit a schaffe permanent u mir.
- Ech si riicht an éierlech, hu Respekt an Disziplin a gi mam gudde Beispill vir.[6][7]
Missiounen[änneren | Quelltext änneren]
D'gesetzlech Funktioun vun der Lëtzebuerger Arméi steet ganz am Kader vun der Force publique.
National[änneren | Quelltext änneren]
- Bedeelegen un der Verdeedegung vum Territoire vum Groussherzogtum am Fall vun engem arméierte Konflikt
- Bedeelegen un der Protektioun vu liewenswichtege Punkten a Raim vum nationalen Territoire
- Ënnerstëtze vun aneren ëffentlechen Administratiounen a vun der Populatioun am Intressi vun der grousser Allgemengheet an am Fall vu Katastrophen
- Ubidde vun enger Virbereedung op Beruffer am ëffentlechen oder private Secteur fir fräiwëlleg Zaldoten
International[änneren | Quelltext änneren]
- Bäidroen un der kollektiver oder gemeinsamer Verdeedegung, am Kader vun den internationalen Organisatiounen an deenen de Groussherzogtum Member ass
- Am selwechte Kader: Bedeelegen un Humanitär- an Evakuatiounsmissiounen, Friddensmissiounen, souwéi Force de Combat Missioune fir d'Bewältege vu Krisen, inklusiv Operatioune fir Fridden ze schafen
- Bedeelegen un der Verifikatioun an der Kontroll vun der Ausféierung vun den internationale Missiounen an deenen de Groussherzogtum Member ass[8][9].
Ausrëschtung[änneren | Quelltext änneren]
Uniform[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt dofir den Artikel: Uniforme vun der Lëtzebuerger Arméi.
Waffen[änneren | Quelltext änneren]
- Pistoul Glock 17 9 mm
- Gewier Steyr AUG 5,56 mm
- Gewier Steyr AUG HBar 5,56 mm
- Maschinnegewier FN MAG 7,62 mm
- Schwéiert Maschinnegewier Mi.50 12,7 mm
- Anti-Panzerwaff LAW 66 mm
- Anti-Panzer-Waffesystem NLAW
- Kanoun 105 mm (gëtt nëmme méi fir den Tir d'honneur benotzt)
Gefierer[änneren | Quelltext änneren]
Um Land[änneren | Quelltext änneren]
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/10/2019_Luxembourg_National_Day_vehicles_%28107%29.jpg/220px-2019_Luxembourg_National_Day_vehicles_%28107%29.jpg)
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/68/2016_Nationalfeierdag_L%C3%ABtzebuerg_05.jpg/220px-2016_Nationalfeierdag_L%C3%ABtzebuerg_05.jpg)
Bis 2025 sollen all d'Hummer an Dingoen ersat ginn. Dëst duerch 80 nei CLRV (Commandement, de liaison et de reconnaissance) Gefierer vum selwechten Typ. Si sollen tëscht 15-20 Joer am Asaz sinn.[11]
An der Loft[änneren | Quelltext änneren]
D'Lëtzebuerger Defense huet den 13. Juni 2001 mat de Belschen Homologen, am Kader vun NATO Verflichtungen, eng Konventioun ënnerschriwwen, fir zesummen een Airbus A400M Militär Transportfliger ze kafen[12]. 2005 gouf en entspriechend Gesetz ugeholl[13].
No 7 Joer Retard wéinst technesche Problemer, huet den 13. Abrëll 2020 den A400M zu Sevilla säin éischten Testfluch gemaach. Zanter August flitt e mat de Lëtzebuerger Faarwen. Mat der Seriennummer "MSN104" an ënnert der militärescher Immatrikulatiounsnummer CT-01, ass de Lëtzebuerger Transportfliger den 8. Oktober 2020 owes um Findel ageweit ginn[14][15].
Den CT-01 gëtt um belsche Stëtzpunkt zu Melsbroek zesumme vun der Lëtzebuerger a Belscher Arméi bedriwwen[16],[17] Lëtzebuerg stellt bis zu 6 Piloten an 6 Loadmaster zur Verfügung.[18].
Asätz[änneren | Quelltext änneren]
A senger éischter Missioun am Mee 2021, huet den A400M 13 Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi an de Mali bruecht.[19]
Am Hibléck vun der Evakuatioun vu Mënschen aus der Afghanescher Haaptstad Kabul, ass den CT-01, den 18. August 2021 op Islamabad an de Pakistan geflunn[20]. 93 Europäesch Matbierger konnte sou virun den Taliban flüchten[21].
De 27. August 2021 ass den A400M de Kontingent EUTM Mali 2021-03 vum Findel an de Mali geflunn[22].
Um Waasser[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg huet keng Krichsmarinn.
Anert Geschier[änneren | Quelltext änneren]
- Radio PR4G
- Radio BAMS
- Waasseropbereedungsanlag WTC 1600 GT a Waasserverpakungsanlag WPS 1600 GT
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Jacques Leider: L'armée luxembourgeoise d'après-guerre - Structures, fonctions, fonctionnement; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1993.
- Paul Cerf: Le Luxembourg et son armée - Le service obligatoire au Grand-Duché de Luxembourg de 1945 à 1967 ; Lëtzebuerg (RTL Édition), 1984; 217 Säiten (ill.). ISBN 2-87951-044-9
- Willy Bourg, zesumme mam André Muller: Eis Garde - Die Geschichte der Grossherzoglichen Garde (1945-1966) im Rahmen der luxemburgischen Pflichtarmee, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1990.
- Willy Bourg, zesumme mam André Muller: Ons Arméi - Die Luxemburger Pflichtarmee 1944 bis 1967, Band I, Lëtzebuerg (Eegeverlag), 1997.
International Organisatiounen[änneren | Quelltext änneren]
- Organisatioun vum Nordatlantik-Traité (NATO)
- Supreme Headquarters Allied Powers Europe (SHAPE)
- Westeuropäesch Unioun (WEU), bis zu hirer Ofschafung 2011
- Eurocorps
- Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE)
- Europäesch Unioun
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi
- Kommandante vun der Lëtzebuerger Arméi
- Uniforme vun der Lëtzebuerger Arméi
- NATO
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Lëtzebuerger Arméi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Cf. Loi du 29 juin 1967 portant abolition du service militaire obligatoire...
- ↑ Loi du 2 juin 2021 portant modification. legilux (03 Juni 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
- ↑ Grades. armee.lu Archivéiert de(n) 15 November 2021. Gekuckt de(n) 15 November 2021.
- ↑ Arrêté ministériel du 6 octobre 2000. legilux.lu (06 Oktober 2000). Gekuckt de(n) 15 November 2021.
- ↑ legilux, Loi du 24 mars 2021 portant modification de la loi modifiée du 23 juillet 1952 concernant l'organisation militaire. (24 März 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
- ↑ Ministère des Affaires étrangères et européennes, Direction de la Défense, Engagement, droiture et fiabilité : Présentation de la première Charte des valeurs de l'Armée luxembourgeoise. armee.lu (15 Oktober 2020) Archivéiert de(n) 17 November 2021. Gekuckt de(n) 17 November 2021.
- ↑ Lëtzebuerger Arméi, Code de Conduite Militaire vun der Lëtzebuerger Arméi (24 November 2020). Gekuckt de(n) 17 November 2021.
- ↑ Lëtzebuerger Arméi, Organisation de l'Armée Archivéiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 13 November 2021.
- ↑ Loi du 2 juin 2021; Memorial A416 (02 Juni 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
- ↑ Pierre Brassart, Le Luxembourg réceptionne 20 VW Amarok. defencebelgium.com (03 August 2021). Gekuckt de(n) 15 November 2021.
- ↑ Tatiana Salvan, Des nouveaux véhicules pour l'armée luxembourgeoise (03 Juni 2021). Gekuckt de(n) 15 November 2021.
- ↑ gouvernement.lu, Charles Goerens signe une convention en matière de coopération militaire générale (12 Juni 2001). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
- ↑ legilux, Loi du 21 mars 2005 autorisant l'acquisition d'un avion de transport militaire A400M. (05 Abrëll 2005). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
- ↑ Direction de la Défense et l'État-Major de l'Armée, Cérémonie d'accueil de l'avion de transport A400M à l'aéroport du Findel. armee.lu (08 Oktober 2021) Archivéiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 13 November 2021.
- ↑ Eric Hamus, Erste Luxemburger Militärmaschine auf Findel (08 Oktober 2020). Gekuckt de(n) 11 November 2021.
- ↑ Premier vol de l'A400M luxembourgeois à Séville (paperjam.lu, on-line de 14. Abrëll 2020)
- ↑ Le Luxembourg a pris possession de son Airbus A400M (wort.lu, on-line den 13. August 2020). Gekuckt de(n) 04.09.2020.
- ↑ Marc Hoscheid, Militärflugzeug A400M in Luxemburg gelandet. wort.lu (07 Oktober 2020). Gekuckt de(n) 11 November 2021.
- ↑ Neie Militärfliger bréngt Lëtzebuerger Zaldoten an de Mali. RTL (15 Mai 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
- ↑ Direction de la défense, L'avion militaire A400M de l'Armée luxembourgeoise a décollé pour participer à l'opération d'évacuation depuis l'Afghanistan. armee.lu (18 August 2021) Archivéiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 11 November 2021.
- ↑ Direction de la défense / ministère des Affaires étrangères et européennes / Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, Un des ayants-droit luxembourgeois a réussi à entrer à l'aéroport de Kaboul. armee.lu (23 August 2021) Archivéiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 11 November 2021.
- ↑ État-Major de l'Armée, Départ du contingent EUTM Mali 2021-03 avec l'avion militaire A400M luxembourgeois. armee.lu (27 August 2021) Archivéiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 13 November 2021.