Kari Peters
Ausgesinn
Kari Peters | |
---|---|
Gebuer |
17. November 1985 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schilaangleefer |
De Kari Peters gebuer de 17. November 1985 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Schilaangleefer.
De Kari Peters wunnt zu Réimech a start bei internationale Kompetitiounen op der Sprint- an op der Laangdistanz. (Sprint: 1,5 km; Distanz: 10 km / 50 km)
2005 war de Kari Peters fir d'éischt Kéier bei de Juniorweltmeeschterschaften zu Rovaniemi dobäi.
An de Joren duerno gouf hien e puermol Champion vu Lëtzebuerg, an huet bei villen Europacoupë matgemaach.
Seng éischt international Optrëtter bei der Elite, hat de Peters 2007 bei der nordescher Schiweltmeeschterschaft zu Sapporo, a bei der U-23 Weltmeeschterschaft zu Tarvisio.
2014 huet hie bei den Olympesche Wanterspiller matgemaach; hie gouf den 79.
Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]
- 17-fache Lëtzebuerger Meeschter am Schilaanglaf
- Lëtzebuerger Juniormeeschter am Triathlon
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer