Jeannot Trampert
Jeannot Trampert | |
---|---|
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Geophysiker, Fuerscher |
Member vun | Academia Europaea |
De Jeannot Trampert gebuer 1961 ass e lëtzebuergesche Geophysiker.
De Jeannot Trampert huet Physik, Mathematik an duerno Geophysik op der Universitéit zu Stroossbuerg studéiert, wou hien 1990 säin Doktorat gemaach huet[1].
2004 gouf hie Professer op der Universitéit zu Utrecht. Zanter 2009 ass hie Fuerschungsdirekter vum Departement Sciences de la Terre vun där Universitéit. Seng Spezialitéit ass d'Erfuerschung vun der Ausbreedung vun de seismesche Wellen, aus där een op d'mineralesch Zesummesetzung an d'Konvektiounsstréimungen am Äerdmantel zeréckschléisse kann[1].
2012 krut de Jeannot Trampert de Grand Prix en sciences géologiques / Prix Feidt vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal[1].
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Anonyme, 2012. Le «Prix Feidt» décerné à Jeannot Trampert. Le géophysicien est actuellement professeur à l'Université d'Utrecht. Luxemburger Wort vum 23. November 2011, S. 17.