Jean Tautges
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Jean Tautges | |
---|---|
Gebuer |
23. Januar 1830 Biissen |
Gestuerwen |
2. Januar 1871 Miersch |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schoulmeeschter, Schrëftsteller, Gewerkschaftler |
De Jean Tautges, gebuer den 23. Januar 1830 zu Biissen a gestuerwen den 2. Januar 1871[1] zu Miersch, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Gewerkschaftler a Schrëftsteller.
Hien huet seng Carrière als Schoulmeeschter zu Menster ugefaangen, an ass dunn op Miedernach gewiesselt. Vun 1859 un a bis zu sengem Doud war hien Oberlehrer zu Miersch[2].
De Jean Tautges huet sech fir d'Reform vum Schoulsystem agesat. Hie war Editeur vum Luxemburger Schulblatt[3] an huet ënnert anerem och fir de Luxemburger Schulbote Artikele geschriwwen.
Zu Bissen huet eng Strooss dem Jean Tautges säin Numm: rue Jean Tautges (L-7790).
Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]
- Constructions ou rédactions d'après modèles, Der Luxemburger Schulbote 19, 241. 1862.
- Anthologie von Erzählungen, Fabeln, Parabeln, Märchen, erzählenden Beschreibungen und Briefen. Lëtzebuerg, 1867.[2]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Lucius, Marc (M.L.), 2008. Eis Stroossennimm (8): Rue 'Jean Tautges' In: Klautjen, Gemengeblat Biissen, Nr. 9/2008-3, S. 2. [2]
- Voss, Peter, 2012. The Establishment and Significance of the 'Luxemburger Schulbote', 1844–1942. In: History of Schooling: Politics and Local Practice, 205-32. [3]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Editioun vum 28. Dezember 1936 vum Escher Tageblatt, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Archivéiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-02-13.
- ↑ 2,0 2,1 Editioun vum 19. Oktober 1938 vum Escher Tageblatt, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Archivéiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-02-13.
- ↑ Voss, Peter, 2012. The Establishment and Significance of the 'Luxemburger Schulbote', 1844–1942. In: History of Schooling: Politics and Local Practice, 205-32. [1]