Op den Inhalt sprangen

Ismail Kadare

Vu Wikipedia
Ismail Kadare
Gebuer 28. Januar 1936
Gjirokastër
Gestuerwen 1. Juli 2024
Tirana
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Albanien, Frankräich, Kosovo
Aktivitéit Dichter, Romancier, Iwwersetzer
Member vun Académie des sciences morales et politiques
Famill
Bestuet mat Helena Kadare
Den Ismail Kadare 2007 (lénks)

Den Ismail Kadare (heiansdo och Ismaïl Kadaré), gebuer den 28. Januar 1936 zu Gjirokastra a Südalbanien a gestuerwen den 1. Juli 2024 zu Tirana, war e franséisch-albanesche Schrëftsteller.[1] Seng Bicher sinn an iwwer 45 Sproochen iwwersat ginn.[2] De Kadare gouf e puermol fir de Literaturnobelpräis virgeschloen.[3]

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Ismail Kadare ass 1936 an enger net reliéiser Beamtefamill gebuer ginn. Bis 1958 huet hie Literaturwëssenschaften op der Universitéit zu Tirana studéiert, éier e bis 1961 säi Studium zu Moskau weidergemaach huet. Dat selwecht Joer ass hien zeréck an Albanie gaangen, wou e sech als Lyriker, Auteur, Romancier an Essayist probéiert huet. Säi literareschen Duerchbroch hat hie mam Roman "Gjenerali i ushtrisë së vdekur" (Der General der toten Armee / Le général de l'armée morte) vun 1963.

De Kadare huet sech duerno séier als bekanntsten albaneschen Auteur etabléiert an huet och am Ausland séier u Renommée gewonnen.

Seng politesch Roll am kommunisteschen Albanien ass haut ëmstridden.[4] De Kadare war Member vun der kommunistescher Partei a vun 1970 bis an d'achtzeger Joren Deputéierten am Parlament, gläichzäiteg war hien awer ville Feindlechkeeten ausgesat an ass och zenséiert ginn. Trotzdeem huet den albaneschen Diktator Enver Hoxha et wéinst dem Kadare senger Bekanntheet am Ausland net gewot, him eppes unzedoen. Mëtt der 1980er huet de Kadare de Regime ëmmer méi staark kritiséiert an am Oktober 1990 ass hie mat senger Famill aus Protest géint déi ze lues Demokratiséierung ënner dem leschte kommunistesche Staatschef Ramiz Alia an d'politescht Asyl a Frankräich gaangen. Nom demokrateschen Ëmbroch ass hien erëm an Albanien zeréckgaangen an huet zu Tirana an zu Paräis gelieft.

Hien ass den 1. Juli 2024 am Alter vun 88 Joer no laanger Krankheet un engem Häerzinfarkt an engem Spidol zu Tirana gestuerwen.[5] Den 3. Juli kruet hien e Staatsbegriefnes am Nationaltheater vun Tirana a gouf duerno an enger privater Zeremonie bäigesat. An Albanien goufen zwéin Deeg Staatstrauer ausgeruff, wärend d'Nopeschland Kosovo een Trauerdag deklaréiert huet.[6][7]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Auswiel u Wierker vum Ismail Kadare
Joer Albaneschen Titel Däitschen Titel Franséischen Titel Engleschen Titel
1963 Gjenerali i ushtrisë së vdekur Der General der toten Armee Le général de l'armée morte The General of the Dead Army
1965 Përbindëshi / Le monstre The Monster
1968 Dasma Die Hochzeit / The Wedding
1970 Kështjella Die Festung / The Castle / The Siege
1971 Kronikë në gur Chronik in Stein Chronique de la ville de pierre Chronicle in Stone
1975 Nëntori i një kryeqyteti November einer Hauptstadt Novembre d'une capitale /
1977 Dimri i madh Der große Winter L'hiver de la grande solitude / Le Grand Hiver The Great Winter
1978 Pashallëqet e mëdha Der Schandkasten La niche de la honte /
1978 Ura me tri harqe Die Brücke mit den drei Bögen Le pont aux trois arches The Three-Arched Bridge
1979 Kush e solli Doruntinën? Doruntinas Heimkehr Qui a ramené Doruntine? Doruntine
1980 Prilli i thyer Der zerrissene April Avril brisé Broken April
1984 Sjellësi i fatkeqësisë - Islamo nox Die Schleierkarawane / /
1985 Viti i mbrapsht Das verflixte Jahr L'année noire /
1985 Nata me hënë Nacht mit Mond / /
1988 Koncert në fund të dimrit Konzert am Ende des Winters Concert en fin de saison / Le concert The Concert
1990 Dosja H Die Akte H. Le Dossier H. The File on H
1992 Piramida Die Pyramide La pyramide The Pyramid
1996 Pallati i ëndërrave Der Palast der Träume Le palais des rêves The Palace of Dreams
1996 Spiritus Spiritus Spiritus Spiritus
1999 Vjedhja e gjumit mbretëror Der Raub des königlichen Schlafs / /
1999 Tri këngë zie për Kosovën Drei Trauerlieder für Kosova Trois chants funèbres pour le Kosovo Three Elegies for Kosovo
2000 Lulet e ftohta të marsit / Froides fleurs d'avril Spring Flowers, Spring Frost
2004 Pasardhësi Der Nachfolger Le successeur The Successor
2008 Darka e gabuar Ein folgenschwerer Abend Le dîner de trop /
2010 Aksidenti Der Unfall L'accident The Accident
2014 Mëngjeset në kafe Rostand / Matinées au Café Rostand /
2015 Kukulla Die Puppe La poupée The Doll: A Portrait of My Mother
2018 Kur sunduesit grinden Der Anruf Disputes au sommet When Rulers Quarrel

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1992: Prix mondial Cino Del Duca
  • 1996: Ordre des arts et des lettres
  • 1998: Éierebierger vun Tirana
  • 2005: Man Booker International Prize
  • 2009: Prinz-von-Asturien-Präis
  • 2010: Premio Lerici Pea
  • 2015: Jerusalem-Präis
  • 2016: Kommandeur am franséischen Ordre national de la légion d'honneur
  • 2017: Çmimi Letërsia Shqipe
  • 2019: Park-Kyung-ni-Literaturpräis
  • 2020: Neustadt International Prize for Literature
  • 2020: Groussoffizéier am franséischen Ordre national de la légion d'honneur

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lexpress.fr: Ismail Kadaré: "La littérature et la vie sont deux mondes en lutte" (18. November 2009; gekuckt den 30. Dezember 2012)
  2. lemonde.fr: Ismail Kadaré, le grand écrivain albanais, est mort à 88 ans vum Florence Noiville (1. Juli 2024)
  3. dw.de: im-portr%C3%A4t-ismail-kadare/a-1627862 Im Porträt: Ismail Kadare (27. Juni 2005; gekuckt den 30. Dezember 2012)
  4. tagesanzeiger.ch: Leben und Schreiben unter den Augen des Diktators (19. Februar 2009; gekuckt den 30. Dezember 2012)
  5. lefigaro.fr: Décès de l’écrivain albanais Ismaïl Kadaré à l’âge de 88 ans vum Françoise Dargent (1. Juli 2024)
  6. Associated Press: Thousands pay their respects to renowned Albanian writer Ismail Kadare at his state funeral (3. Juli 2024)
  7. Radio Canada an Agence France Presse: L'écrivain albanais Ismaïl Kadaré, « voix monumentale de la littérature », est décédé (2. Juli 2024)