Op den Inhalt sprangen

Fons Kontz

Vu Wikipedia
Fons Kontz
Gebuer 18. September 1944
Gestuerwen 6. November 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

De Fons Kontz, gebuer den 18. September 1944 zu Schëffleng a gestuerwen de 6. November 2015[1], war e lëtzebuergesche Sänger, Schauspiller, Theaterregisseur an Auteur vun Theaterstécker.

Am Haaptberuff huet hien zu Esch-Uelzecht als Elektrofachmann fir d'ARBED an als Gemengen-Employé geschafft, an tëschenduerch och als Basssänger an der Würzburger Oper, wou hie meeschtens a Musicals opgetrueden ass.[2]

Hie war Member vum Theaterveräin Escher Liewensfro' an huet 1978 eng eegen Theatergrupp "D'Monnerecher Bounesäck" gegrënnt. Beim Lëtzebuerger Theater huet hie jorelaang an Theateropféierungen a Revuë matgespillt, an tëscht 1983 an 2003 13 Mol, ënnert dem Pseudonym Kof, zesumme mam Pir Kremer, Pol Pütz, Norbert Weber a Josy Christen mat Revuë geschriwwen. Ausserdeem ass hien Auteur vun enger Rëtsch Tehaterstécker: Eng Tréin am Knäpplach (1984), Fro däi Brudder (1990), Duerchzuch (1992), De Bop (1997), Lauter Mëller (1999), Déi beschte Medezin (1999) a Prënzereng Nummer 6 (2003).

Zënter 2002 huet hien och als Sculpteur geschafft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 11. November 2015
  2. Quell, wou net anescht uginn: Claude D. Conter: Fons Kontz, am Luxemburger Autorenlexikon, autorenlexikon.lu.