Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Hammhaff

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"ronderëm deen d'Sauer eng laanggezunne Schlauf zitt. Den Numm Hamm dréckt dëst aus" : Wat dréckt dann Hamm aus? Wat sinn d'Wuerzele vun deem Ausdrock? Merci. --Cornischong 19:10, 6 Februar 2007 (UTC)

"Hamm" ass e Flouernumm, mat deem Plaze genannt ginnt, déi an enger Flosschläif leien - kuckt zB Hamm (Stad Lëtzebuerg). Z.

Gudde Moien,

D'Wuerzele vun deem Aussdrock si vläicht an der de:Wiki ze sichen.
Fir jidderengem d'Méi ze spueren:
Die Bezeichnung Hamm stammt aus dem lat. hamus = Haken, Bogen und bezeichnet oft Orte, die an Flussbiegungen liegen.


Les Meloures 09:37, 8 Februar 2007 (UTC)

Elo sinn ech nach amgaang no Schläif a Schlauf ze sichen. Wann e wees wou dat ze fannen ass. Les Meloures 09:44, 8 Februar 2007 (UTC)

D'Quell vun der Wikipedia ass d'Wikipedia??[Quelltext änneren]

"Die Bezeichnung Hamm stammt aus dem lat. hamus = Haken, Bogen und bezeichnet oft Orte, die an Flussbiegungen liegen." : Sou einfach kann d'Liewe sinn. D'Grimm Bridder kennen dat an hirem Wierderbuch (33 Bänn) net, den Duden "Das große Wörterbuch der deutschen Sprache" (6 Bänn) kennt déi Bedeitung och net; de Wahrig kennt et och net. Bei Saachen, déi just an der Wikipedia ze fanne sinn, an néierens anescht, kréien ech ëmmer sou en Zéien an de Blinddarm. Also, wou steet dat baussent der Wikipedia? --Cornischong 09:57, 8 Februar 2007 (UTC)

Ech hu weider nogekuckt a fannen am "Luxemburger Wörterbuch "Hamm: "Gemarkung innerhalb einer großen Flußschleife". Dat wier "eis Saach", mee firwat steet dat net an de groussen däitschsproochege Wierderbicher? Iwwregens kennt de "Sprachbrockhaus" deen Ausdrock och net. --Cornischong 10:10, 8 Februar 2007 (UTC)


Hei ass och nach en "Hamm":Zeller Hamm--Fliedermaus 10:38, 8 Februar 2007 (UTC)


Nach eng Méiglechkeet:
Et kéint och aus dem ale franséische Wuert ham kommen wat e klengt Duerf bedäit huet a sech am franséischen zu hameau weiderentwéckelt huet. 81.243.162.206 12:15, 9 Februar 2007 (UTC)
Et kéint, mee vu dass den Hammhaff ni méi wéi 1 Bauerewiese war, an do ni franséisch geschwat gouf, ass déi uewe genannten Erklärung, wann net eendeiteg ze "beweisen", dann dach déi allerplausibelst.
--Zinneke 13:09, 9 Februar 2007 (UTC)