Denebola (Stär)
Ausgesinn
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/de/Leo_constellation_map.png/350px-Leo_constellation_map.png)
Den Denebola ass de Stär β Leonis (Beta Leonis) am Stärebild Leo. Den Numm staamt aus dem arabeschen a bedeit sou vill wéi Schwanz vum Léiw.
Den Denebola huet eng visuell Magnitude vu +2,14m. Hie gehéiert zu der Spektralklass A3V an ass 43 Liichtjoer vun eis ewech.
Koordinaten fir d'Equinoxe J2000.0:
- Rektaszensioun: 11 h 49 m 03,60 s
- Deklinatioun: +14°34'19.0"