Op den Inhalt sprangen

CFL-Busdéngscht

Vu Wikipedia
En CFL-Bus zu Ettelbréck

Den CFL-Busdéngscht ass e Service vum CFL Grupp deen zu Lëtzebuerg Buslinne bedreift. Verschidde Linne si fir de Schülertransport bestëmmt. Den CFL-Busdéngscht ass domat haut een Element vum RGTR. Do dernieft bedreift de Service och nach zwou Linnen an d'Ausland (Saarbrécken a Gare Lorraine).

Beim CFL-Busdéngscht schaffen 337 Leit, dovun 260 Buschaufferen ënner dem CFL-Statut[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Situatioun virun der Grënnung vum Busdéngscht[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Grënnung vun der CFL 1946 war an de Statuten am Artikel 4 scho virgesinn, datt Eisebunnslinnen oder Deeler dovun, wou de Betrib sech als defizitär géif erweisen, reduzéiert oder ganz zougemaach kéinte ginn an den Transport duerch en anert Verkéiersmëttel assuréiert géife ginn.

Am Joer 1948 ass dovu fir d'éischt Kéier Gebrauch gemaach gi fir d'Eisebunnslinne GrondhaffBeefort, KruuchtenFiels an DikrechVeianen zouzemaachen a mat Bussen z'ersetzen. D'Konzessioun fir déi Buslinne goung un d'CFL, se sinn awer am Optrag vun der CFL vu private Busfirmae bedriwwe ginn. Eréischt vun 1958 u sinn dës Buslinne vum CFL-Busdéngscht iwwerholl ginn.

Grënnung vum Busdéngscht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1952 gouf den CFL-Busdéngscht mat 6 Bussen an d'Liewe geruff. Doduerch sollt et méiglech sinn den Transport op Substitutiounsstrecken mat eegene Mëttel ze garantéieren. Déi éischt Streck déi befuer ginn ass, war d'Streck NäerdenMaartel.

Déi éischt 6 Busse vum Typ Chausson ASH52 sinn den 13. September 1952 vun der Firma Chausson geliwwert ginn. Duerno sinn déi éischt Leit, déi sech als Buschauffer gemellt haten, vun de Vertrieder vum Hiersteller mat de Busse vertraut gemaach ginn. Mam Linnebetrib ass den 12. November 1952 ugefaange ginn. De Jean-Pierre Blitgen war de Chauffer um éischte Bus.

Am Joer 1953 ware schonn 13 Bussen am Asaz an d'Zuel ass an de Joren duerno stänneg eropgaange bis eng Zuel vun zirka 50 Bussen erreecht war an duerno méi oder manner konstant bliwwen ass. De Stationnement vun de Busse war an der Stad am Ufank direkt riets nieft der Gare a si hunn d'Stroossebild besonnesch an den 1950er a 60er Joren do staark markéiert.

Substitutiounsstrecken[änneren | Quelltext änneren]

No an no sinn d'Schmuelspuerstrecken zougemaach ginn. Et waren awer och Deeler vun den Normalspuerstrecken, déi net rentabel genuch waren, vun der Rationaliséierung betraff. Op de Strecken ËlwenWilwerdang (1950), IechternachGréiwemaacher (1954), DikrechIechternach (1964) a PéitengEttelbréck (1967) ass mam Eisebunnsbetrib opgehale ginn a mat Bussen ersat ginn. Dobäi ass versicht ginn, de Streckeverlaf sou genee wéi méiglech d'selwecht wéi déi fréier Eisebunnslinn ze fueren.

CFL-CRL[änneren | Quelltext änneren]

Mam Zoumaache vun der Eisebunnslinn Péiteng – Ettelbréck am September 1967 gouf duerch den deemolegen Transportminister Albert Bousser eng Harmoniséierung vun den ëffentleche Persounentransporter iwwer d'Strooss ugestrieft. Doduerch ass d'CFL Konzessionär vun den ëffentleche Buslinnen am ganze Land ginn a krut d'Organisatioun a Verwaltung vun de Busse vun der Kooperativ Compagnie Routière Luxembourgeoise (CRL) uvertraut. Dës nei Organisatioun war fir déi privat Autobusfirmae vu groussem Virdeel an och fir d'CFL zefriddestellend.

Am éischte Joer vum Bestoen, 1968, si vun de private Bussen zirka 2,813 Millioune km gefuer ginn. Vum CFL-Busdéngscht si 640 000 km gefuer ginn an zousätzlech op de Substitutiounsstrecken zirka 3,171 Mio km, wat en Undeel vu 57,5 % ausgemaach huet.

Am Joer 1977, dat lescht komplett Joer vun deem koordinéierten Transportsystem CFL-CRL, si vun de private Bussen zirka 5,734 Mio km gefuer ginn a vum CFL-Busdéngscht 727 000 km plus 3,121 Mio km op de Substitutiounsstrecken, wat en Undeel vu 40,2 % ausgemaach huet.

RGTR[änneren | Quelltext änneren]

Duerch en Ofkommes vum 25. Februar 1978 tëscht dem deemolegen Transportminister Josy Barthel an dem President vum CFL-Verwaltungsrot, krut d'CFL d'Konzessioune fir de Betrib vun de Strecke vum ëffentleche Persouneverkéier oferkannt an de koordinéierte System gouf vum 1. Mäerz 1978 un direkt dem Verkéiersministère ënnerstallt. D'CFL kruten awer déi technesch Organisatioun an d'Comptabilitéit vun der neier Organisatioun Régime général des transports routiers (RGTR) auszeféieren. Fir d'Organisatioun an de Betrib op de Substitutiounsstrecken ass d'CFL weiderhin direkt zoustänneg bliwwen.

Ofschafe vun de Substitutiounsstrecken[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1995 si vun de private Busse fir den RGTR zirka 14,499 Mio km a vum CFL-Busdéngscht 763 000 km gefuer ginn. Op de Substitutiounsstrecke sinn zirka 3,368 Mio km gefuer ginn. De ganzen Undeel vum CFL um ëffentleche Busverkéier huet (ouni den TICE an AVL) deemno 27,0 % ausgemaach.

Duerch e Reglement vum 1. Juli 1996 sinn d'Substitutiounsdéngschter vun der CFL op de fréieren Eisebunnslinnen ofgeschaaft ginn. D'Busse sollte vun do un op deene Strecken agesat ginn, wou se déi bescht Leeschtung bréngen. Déi Déngschter sollten duerch Kontrakter tëscht der Regierung an de Verantwortleche vum CFL gereegelt ginn.

De 15. Mee 1996 ass vun de Regierungsmembere Mady Delvaux-Stehres (Verkéiersministesch) a Marc Fischbach (Budgetsminister) an dem CFL-Verwaltungsrotpresident Jeannot Schneider an dem CFL-Generaldirekter Robert Molitor en éischte Kontrakt ënnerzeechent ginn. De Kontrakt ass den 31. Dezember 1997 an den 31. Dezember 2000 verlängert ginn a war bis den 31. Dezember 2008 gëlteg.

De 7. Mee 2009 gouf en neie Kontrakt fir de Passagéierverkéier iwwer d'Schinn an d'Strooss fir eng Period vu 15 Joer ënnerschriwwen, deen deemno bis den 31. Dezember 2024 gülteg ass.

50-Joerfeier[änneren | Quelltext änneren]

De 50. Gebuertsdag vum CFL-Busdéngscht gouf den 12. November 2002 duerch eng Séance académique a Presenz vum deemolegen Transportminister Henri Grethen a vum deemolegen CFL-Generaldirekter Alex Kremer gefeiert.

Den CFL-Busdéngscht no 2024[änneren | Quelltext änneren]

De Kontrakt tëscht dem Staat an der CFL vun 2009 leeft Enn 2024 aus. Wat den zukünftege Kontrakt ugeet, sou ass virgesinn, déi zwéin Transportservicer - Schinn a Bus - wéinst de verschiddene gesetzleche Grondlagen ze trennen. Den CFL-Busdéngscht dee jo net méi als Konzessioun gereegelt ass, ënnerläit deemno den europäeschen Direktive fir ëffentlechen Opträg[2]. Wéinst dem spezielle Statut vun der CFL fält hire Busdéngscht awer ënner de spezielle Regimm vu Kontrakter, déi tëschent Entitéite vum ëffentleche Secteur geschloss ginn, sou datt en net dem allgemenge Konkurrenzrecht ënnerläit[3].

Den zukünftege Vertrag iwwer den CFL-Busdéngscht soll den 1. Januar 2025 a Kraaft trieden an iwwer eng Period vun zéng Joer, bis den 31. Dezember 2034 lafen.[1]

Fir déi ëffentlech Déngschtleeschtung déi d'CFL am Kader vun dem Kontrakt leeschte muss, soll de Staat der CFL iwwer den zéng Joer eng Remuneratioun vu geschate 692,123 Milliounen Euro bezuelen. Dee Betrag begräift all d'Ausgaben am Zesummenhang mam Fonctionnement vum CFL-Bustransport, op Basis vun enger konstanter Kilometerleeschtung vu ronn 7,3 Millioune km / Joer. Dozou gehéieren absënns:

  • progressiivt Ersetzen (bis 2030) vun den Dieselbusse mat Elektrobusssen;
  • Opriichte vun Opluetstatioune fir elektresch Bussen;
  • alljärleche Lounwuesstem vun 1,50 %;
  • allgemeng Erhéijung vu 25 % iwwer 10 Joer wat d'Entretienskäschte fir déi elektresch Flott am Verglach mat der Dieselflott ugeet (Ersetze vun de Batterien).

De Projet de loi fir deen neie Kontrakt ass de 27. Juni 2024 an éischter Liesung mat 55 Jo-Stëmmen a 5 Enthalungen (vun der ADR) vun der Chamber ugeholl ginn[4].

Fuerpark[änneren | Quelltext änneren]

De Chausson-Bus Nr. 36 op der Gare vun Iechternach
CFL-Bus 44 ënnerwee op der fréierer Linn 307
CFL-Bus vun der fréierer Linn 120 zu Jonglënster
CFL-Bus 32

Bussen[änneren | Quelltext änneren]

Bus-Nr. Zuel Hiersteller Typ Undriff A Betrib geholl Ausser Betrib geholl
1 - 6 6 Chausson ASH52 1952 1961, 1962, 1965
7 - 36 30 Chausson ASH521 1953 - 1957 1965, 1967, 1968, 1969
37 - 42 6 Chausson-Saviem ASH522 1961 1968, 1971
43 - 49 7 Van Hool 320 1963 1973
50 - 65 16 Magirus Deutz 150L10 1965, 1967 1973, 1975
66 - 73 8 Saviem S53M 1968 1978
74 - 84 11 Van Hool-Fiat VHF 340 1969 1978
85 - 91 7 MAN 750 HO-V11 1971 1983
10 - 25 16 MAN 11-V160 1973 1977, 1983, 1984, 1985
26 - 32 7 Van Hool VH-DAF AI 119 1975 1986
33 - 42 10 MAN SU240 1978 1987
43 - 52 10 Van Hool VHM A 120/21 1978 1983, 1985, 1986
61 - 66 6 Van Hool A120-313 1983 1991, 1996
101 - 106 6 MAN SG 280H 1983 1993
71 - 76 6 Van Hool A120/40 1984 1994
81 - 82 2 Van Hool A120/40 1984 1993
91 - 96 6 Renault SG 280H 1985 1996, 1997
11 - 22 12 Van Hool A120/40-1 1986 1995, 1996
31 - 40 10 Van Hool A120/40-2 1987 1997, 2000
41 - 46 6 Van Hool A600 1991 2000
51 - 58
61 - 66
70 - 83
101 - 114
41 Berkhof Europa 2000NL 1993 - 1997 2001 - 2007
11 - 17 7 Renault Ares 2000 2008
21 - 28 8 Van Hool TG 821CL 2001 2009 - 2010
31 - 35 5 Mercedes-Benz O530 Citaro G 2003 2010
41 - 54 14 MAN A72 Lion's Classic SÜ313 2005 2013
55 Mercedes-Benz O530 Citaro Ü 2009 2019
56 - 59 4 Mercedes-Benz O530 Citaro Ü 2006 2015
61 - 67 7 Mercedes-Benz O530 Citaro G 2006 2015
70 - 79 10 Mercedes-Benz O550 Integro L 2007 2017, 2019
80 - 89 10 Mercedes-Benz O550 Integro L 2008 2017, 2019
90 - 97 8 Mercedes-Benz O550 Integro L 2009 2019
100 - 104 5 Mercedes-Benz O550 Integro L 2010 2019
10 - 16 7 Mercedes-Benz O530 Citaro G 2010 2019,2020

Aktuell am Asaz (Stand: Juni 2024)[5][änneren | Quelltext änneren]

1, 2 Serie 00 2 Irizar[6] IEHCB bus 18 m Elektresch 26.07.2019
20-29 Serie 20 10 MAN[7] R14 Lion's Regio C ÜL314/354/364/414 Diesel 12.06.2013
30-38 Serie 30 9 MAN[8] A40 Lion's City GL NG363 Diesel 2015, 2017
40-46 Serie 40 7 MAN[9] A36 Lion's City C NL363-13,7 Diesel 02.04.2015
60-64 Serie 60 5 Volvo[10] 7900A Hybrid Hybdrid (Diesel/elektresch) 2019, 2020
100, 101 Serie 100 2 IVECO[11] Crossway CE (14,49 m) Diesel 27.03.2019
110-124 Serie 110 15 Irizar[12] i4 Integral 15m Diesel 02.09.2016
130-139 Serie 130 10 IVECO[13] Crossway LE Line 12m Diesel 27.03.2019
200-220 Serie 200 21 IVECO[14] Crossway LE Line 14.5m Diesel 27.03.2019

Nei Busflott bis 2030[änneren | Quelltext änneren]

Et ass virgesinn, datt déi aktuell Dieselflott bis 2030 komplett mat enger Flott vun Elektrobussen ersat gëtt. Déi éischt 12 Busse vun der neier Flott sollen am Laf vun 2024 geliwwert ginn (véier Gelenk- an aacht Standardbussen)[15].

De Bus 33[änneren | Quelltext änneren]

Deen drëtten CFL-Bus mat der Nummer 33 vun 1987 (Van Hool A120/40-2) gouf den 8. Januar 2015 vum Veräi Retrobus asbl vu Baudour op Lëtzebuerg rapatriéiert fir do an de Joren duerno vun de Veräinsmembere restauréiert ze ginn[16].

De Bus gouf 1997 vun der CFL un Autobus de Genval verkaaft. Zu Genval war en och nach zirka 10 Joer a Betrib. Duerno huet e Privatmann de Bus kaaft fir e Wunnmobil draus ze maachen, wat awer net realiséiert gouf. Déi lescht Jore stoung en nëmmen nach op enger Wiss.

Passagéier[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2023 huet den CFL-Busdéngscht ronn 3,5 Millioune Passagéier gefouert[15].

Bus-Garage[änneren | Quelltext änneren]

De Bus-Atelier vum CFL-Busdéngscht gouf vun Ufank un zu Bouneweg an der méi nërdlecher Rotonde fir de Besoin vum Busbetrib ageriicht. De Paul Schmit war den éischte Leeder vum Atelier. De Bus-Atelier war bis 2006 an der Rotonde ier en dunn op d'Diddenuewener Strooss geplënnert ass.

Linne vum CFL-Busdéngscht[änneren | Quelltext änneren]

RGTR-Reseau[änneren | Quelltext änneren]

Linnen zënter Juli 2022[änneren | Quelltext änneren]

Regioun Norden[änneren | Quelltext änneren]
  • 190 Ettelbréck - Iechternach
  • 191 Ettelbréck - Iechternach, iwwer Beefort
Regioun Osten (Iechternach)[änneren | Quelltext änneren]
  • 201 Kierchbierg - Iechternach
  • 211 Kierchbierg - Iechternach
  • 212 Kierchbierg - Iechternach, iwwer Iernster
  • 221 Kierchbierg - Jonglënster
  • 222 Kierchbierg - Beefort
  • 223 Jonglënster - Houwald
  • 261 Iechternach - Jonglënster
  • 271 Iechternach - Gréiwemaacher

Linne virum Juli 2022[änneren | Quelltext änneren]

  • 190 Ettelbréck - Dikrech - Iechternach
  • 201 Lëtzebuerg - Iechternach
  • 211 Lëtzebuerg - Iechternach via Konsdref - Bäerdref
  • 223 Houwald - Lëtzebuerg - Hueschtert - Jonglënster
  • 273 Gréiwemaacher - Waasserbëlleg - Iechternach
  • 307 Beetebuerg - Fenneng - Hunchereng - Näerzeng - Biergem - Steebrécken - Monnerech - Esch-Uelzecht /Beetebuerg - Fenneng - Hunchereng - Näerzeng - Biergem - Steebrécken - Féiz - Monnerech - Esch-Uelzecht
  • 412 Lëtzebuerg - Réimech (direkt Linn)
  • 413 Lëtzebuerg - Munneref - Réimech

CFL Linnen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg - Saarbrécken Express
  • Gare Lorraine Express
  • Ersatzverkéier fir den CFL-Zuchreseau

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi offiziell Bezeechnung vun der CFL fir hir Buschauffere war am Ufank Conducteur-receveur sans brevet d'apprentissage de mécanicien.
  • 1956 sinn 2 Bus-Unhänger (Kässbohrer) mat 29 Sëtzplazen ugeschaaft ginn, déi bis 1969 a Betrib waren. An der Remorque huet en zousätzleche Chauffer missen dra sinn.
  • Vun 1982 bis 1994 war eng Depanneuse vum Typ Henschel a Betrib. Si gouf duerch eng Depanneuse vu Renault ersat.
  • Am September 1983 sinn déi éischt 6 Gelenkbussen (MAN Typ SG 280H) mat 137 Sëtzplazen a Betrib geholl ginn.
  • 1993 huet d'AVL dem CFL-Busdéngscht 3 MAN Gelenkbussen (Typ SG 280H) ofkaaft, well bei engem Feier en Deel vum AVL Atelier zu Hollerech an eng ganz Rëtsch Busse verbrannt sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Syprolux, 2002, 50 Joer CFL-Bus (1952-2002), 248 S., Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CFL-Busdéngscht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (fr)Projet de loi 8322 relative au financement du contrat entre l'État et la Société nationale des chemins de fer luxembourgeois concernant le service de transport de voyageurs par autobus. wdocs-pub.chd.lu (05.10.2023). Gekuckt de(n) 28.06.2024.
  2. directives européennes régissant les marchés publics, à savoir les directives 2014/24/UE du Parlement européen et du Conseil du 26 février 2014 sur la passation des marchés publics et abrogeant la directive 2004/18/CE et 2014/25/UE du Parlement européen et du Conseil du 26 février 2014 relative à la passation de marchés par des entités opérant dans les secteurs de l’eau, de l’énergie, des transports et des services postaux et abrogeant la directive 2004/17/CE
  3. (fr)Artikel 8. legilux.public.lu (08.04.2018). Gekuckt de(n) 28.06.2024.. "Loi du 8 avril 2018 sur les marchés publics (Version consolidée applicable au 20/08/2023)"
  4. (fr)Dossiers parlementaires | Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  5. CFL | Equipements. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  6. CFL | Bus Série 00. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  7. CFL | Bus Série 20. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  8. CFL | Bus Série 30. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  9. CFL | Bus Série 40. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  10. CFL | Bus Série 60. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  11. CFL | Bus Série 100. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  12. CFL | Bus Série 110. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  13. CFL | Bus Série 130. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  14. CFL | Bus Série 200. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-28.
  15. 15,0 15,1 (de)CFL kauft Elektrobusse für 700 Millionen Euro. Luxemburger Wort (2024-06-29). Gekuckt de(n) 2024-06-29.
  16. Ehemaliger CFL-Bus 33 kehrt nach Luxemburg zurück op wort.lu 10.01.2015 07:00