Op den Inhalt sprangen

AVL-Linn 22

Vu Wikipedia
AVL-Linn 22
E Bus vun der Linn 22 fiert an d'Arsenalstrooss eran (Mäerz 2017).
Hollerech - Stroossen
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Hollerech, P+R Bouillon 49°35'59,5986"N, 6°6'19,6265"O
op Stroossen, Primeurs 49°37'11,6256"N, 6°5'38,0461"O
iwwer Hollerech, Garer Quartier, Uewerstad, Belair, Stroossen
Bustyp Gelenkbus
opgaang 7. Juli 2024
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 7,045 km, 7,09 km
Fuerzäit 28 min, 29 min
mëttel Vitess 15,10 km/h, 14,67 km/h

D'AVL-Linn 22 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 7. Juli 2024 um Trajet P+R Bouillon - Hollerech - Stad - Areler Strooss - Stroossen, Primeurs an zeréck. Wéi d'Tramslinn T1 bis op d'Cloche d'or verlängert gouf, ass den Deel Cloche d'or - Gare, dee bis dohi vun der Linn 22 befuer gouf, obsolet ginn an ewechgefall. Vun der Gare bis op de P+R Bouillon huet d'Linn 22 den Deel vun der fréierer Linn 20 iwwerholl.

D'Linn 22 huet 16 Halten um Aller an der 17 um Retour (inklusiv de Betribshalten). Se fiert vu méindes bis freides all 10 Minutten an de Weekend all hallef Stonn.

Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stroossen fiert d'Linn 22 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis an d'Rue des Primeurs zu Stroossen; se zielt net zu de Linnen, déi vum Mobilitéitsministère subventionéiert ginn.

Halten op der Linn 22[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 22 Bemierkung
AVL Betriebshof betriblech Halt ouni Passagéierverkéier
AVL Portal betriblech Halt ouni Passagéierverkéier
P+R Bouillon ; gemeinsamen Terminus mat de Linne 15 a 17
Hollerich, Kierfecht
Salzhaff / Schluechthaus
Jean-Baptiste Merkels
Fonderie
Gare Centrale Gare Lëtzebuerg
Al Avenue
F. D. Roosevelt
Hamilius
Monterey
Wampach
Stäreplaz / Étoile
Nicolas Simmer
Rue d'Ostende
Wandmillen
Kannerklinick / Maternité
Strassen, Primeurs

Entwécklung vun der Linn 22[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • virun 2003: et gouf keng Linn mat der Nummer 22
  • 2003 - 2008: P+R Bouillon - Gare - Stad an zeréck
  • 2008 - 31.05.2015: P+R Lëtzebuerg-Süd - Gare - Stad - Centre Hospitalier - Stroossen, Primeurs
  • 01.06.2015 - 18.02.2018: Gare - Stad - Centre Hospitalier - Stroossen, Primeurs
  • 19.02.2018 - 14.10.2018: P+R Lëtzebuerg-Süd - Gare - Stad - Areler Strooss - Stroossen, Primeurs

Mat der Ouverture vum Lycée Vauban gouf den Trajet am Februar 2018 vun der Gare bis op de P+R Lëtzebuerg-Süd verlängert, fir eng nei Halt beim Campus francophone unzefueren[1].

  • 14.10.2018 - 12.12.2020: Cloche d'or, Guillaume Kroll - Gare - Stad - Areler Strooss - Stroossen, Primeurs

Am Oktober 2018 gouf den Terminus vum P+R Lëtzebuerg-Süd op d'Cloche d'or verluecht. Vum selwechten Datum u gouf och, am Kader vum Tramsschantjen, d'Streck an der Uewerstad ugepasst: d'Linn 22 ass vun do un a Richtung Cloche d'or net méi duerch d'Arsenalstrooss, ma iwwer d'Montereysavenue gefuer.

Wéinst dem Tramsschantje am Garer Quartier ass den Trajet tëscht der Gare an der Uewerstad den 3. November 2019 iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt geluecht ginn amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 22 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Rita Ruppert, „Mit dem Bus zur Schule“, am Luxemburger Wort vum 17. Februar 2018, S. 27
  2. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019