Messier 79
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) NGC 1904)
![](http://chped.net/https/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/37/Messier79.jpg/220px-Messier79.jpg)
Atlas Image courtesy of 2MASS/UMass/IPAC-Caltech/NASA/NSF
De Messier 79 (oder NGC 1904 bezeechent) ass e +8,40 mag helle Kugelstärekoup mat enger Flächenausdehnung vu 7,8' × 7,8' am Stärebild Lepus.
Dëse Kugelstärekoup läit net wéi déi meescht, a Richtung Zentrum vun der Mëllechstrooss, mä a bal entgéintgesater Richtung! Et gëtt ugeholl, datt dëst Objet e neien Awanderer vun eisem Mëllechstroossensystem kéint sinn. De Messier 79, sou gëtt ugeholl, kéint e Kugelstärekoup vun där am Joer 2003 entdeckter Canis-Major-Zwerggalaxie sinn; déi noost Nopeschgalaxie vun der Mëllechstrooss. Dësen Trabant vun der Mëllechstrooss huet sech duerch déi staark Gezäitekräfte scho gréisstendeels opgeléist a gouf dofir fréier als Deel vun der Mëllechstrooss ugesinn.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun: 5h 24m 12,00s
- Deklinatioun: -24° 31' 00,0"
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- (en) M79 bei SEDS
Commons: Messier 79 – Biller, Videoen oder Audiodateien |