Op den Inhalt sprangen

Den Neie Radio

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) DNR)

Radio DNR, bei senger Grënnung Akronym vun Den Neie Radio, war tëscht 1992 an 2014 eng lëtzebuergesch Radiosstatioun am AC-Format (Adult Contemporary) mat der Ziilgrupp 25–45 Joer. E gouf vun der Société de Radiodiffusion Luxembourgeoise s.à r.l., déi zum Grupp Saint-Paul Luxembourg gehéiert, bedriwwen.

Radio DNR gouf an de Méint no der Liberaliséierung vun der Radiodiffusioun zu Lëtzebuerg gegrënnt. De Programm war a Lëtzebuerger Sprooch, an huet sech un de Grand public geriicht. E gouf op der UKW-Frequenz 107,7 (Sender zu Blaaschent), 102,9 (Sender um Kierchbierg, zu Ëlwen an zu Wolz) an 104,2 (Sender zu Bieles, Mompech, Reiler, Ettelbréck, Léifreg a Butzdorf (D)), ausgestraalt.

Am November 2013 gouf ugekënnegt, datt den DNR am Februar 2014 ophale sollt a mam franséischsproochegen RTL2 ersat sollt ginn, enger regionaler Variant fir Lëtzebuerg an d'Groussregioun vum franséische Radiossender mam selwechten Numm, wouru Saint-Paul an RTL jee zu 50 % bedeelegt wieren.[1] Dëse Projet gouf awer de 27. Februar 2014 vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel refuséiert.[2] Radio DNR huet dunn den 31. Mäerz dat Joer definitiv opgehalen.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "RTL2 - En neien, franséischsproochege Radio fir Lëtzebuerg." RTL.lu - 21.11.2013, 13:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.11.2013, 13:50.
  2. "RTL2: Projet vu franséischsproochegem Radio gouf refuséiert." rtl.lu, 04.03.2014, 15:13:29.
  3. "La radio DNR cesse ses émissions." wort.lu, 28.03.14 17:24.